D'Saït lued...

Bas Schagen

BasTV - Partner Publicitéit

De Bas Schagen ass e groussen Deel vu sengem Liewen an de lëtzebuerger Medien aktiv gewiescht.

Ugefaangen hat dëse Parcours beim illegale Radiosender RFM zu Lëtzebuerg, wou de Bas Schagen als Animateur aktiv war. Nodeems dëse Radiosender, deemools déi eenzeg Alternativ zu RTL, ëmmer méi Succès hat, gouf d’Mediegesetz hei am Land geännert, an ass de Wee fräi gemaach gi fir méi Radiossenderen zouzeloossen.

Eldoradio, DNR, Radio Waky, Sunshine a vill aner Radioen konnten op eemol legal senden an hunn d’Radioslandschaft zu Lëtzebuerg radikal verännert. Domadder war allerdéngs och d’Lous vum illegale Radio RFM besigelt

Bas SchagenBas Schagen

De Bas Schagen huet doropshin bei RTL ugefaangen als Animateur, kurz duerno gläichzäiteg beim deemolegen Hei Elei Kuck Elei (Museksémissiounen), als Musekskorrespondent bei der REVUE, an als Mataarbechter bei der hollännescher Telé (déi och zum Deel zu Lëtzebuerg stationnéiert war) RTL4. De Radioswee huet allerdéngs och iwwert de Radio DNR gefouert, nees zréck bei RTL an dunn nach eng Kéier bei DNR.

No enger Paus vu 6 Joer huet de Bas Schagen décidéiert nees aktiv ze gin, dës Kéier als Présentateur mat journalistesche Side-Kicks am Kader vu BasTV, mat der léiwer Ënnerstëtzung vun Apart TV.

Mir hoffen, dass Dir vill Spaass hutt mat BasTV, dass mir eng grouss ‚Famill‘ gi mat positivem Austausch an dass mir zesumme mat Iech kënne wuessen.

BasTV - Partner Publicitéit
BasTV Telegram KanalKlick hei an abonnéier eisen Kanal »
Fanmail

Schreif dëch am Fanmail-System an, fir keng Sendung ze verpassen an ëmmer um Courant ze bleiwen vun allem waat zu Lëtzebuerg leeft. En plus kannst du flott Präisser gewannen, déi zesummen matt eisen Partnern iwwert d'Fanmail verspillt ginn.

Siff matt dobai a gëff och du e Member vun eiser grousser BasTV-Famill!

Eis Fanmail ass gratis an kann zu all Moment désabonnéiert ginn.

BasTV - PartnerPublicitéit
Support

BasTV ass e privat finanzéierten Medien-Kanal. Wann dir eis Interviews an Artikelen gefaalen, an du hëllefen wëlls daat fräi Meenung an Gedanken weider verbreet ginn, dann wieren mir frou wanns du BasTV giffs supporten.

Du kanns ganz einfach iwwert Paypal, Visa-Kaart oder per Banktransfert eng klèng oder grouss Somm spenden. All Hëllef ass wëllkomm!

Wanns du interéissert bass op eisem Site deng Werbung ze weisen, fënns du weider Informatiounen op dëser Säit » Publizitéit

Méi Info »